Vun dësem Méindeg un ass d’Gesetz ausser Kraaft, mat deem et méiglech war e Couvre-feu oder e Confinement ëmzesetzen. Och de Pass sanitaire fält ewech.

Et bleift just nach d'Méiglechkeet vun engem obligatoreschen Test fir Reesen an d’Départements Outre-mer. Hei sinn nach net all d’Detailer gekläert. Ma sécher ass, dass just en negatiivt Testresultat soll gëllen. D'Senateuren hunn en Noweis, dass ee geimpft oder nees geheelt ass, net méi an de leschten Text mat opgeholl. Doriwwer eraus soll d'Test-Obligatioun nëmmen a Kraaft trieden, wa sech d'Corona-Situatioun nees verschlechtert.

An Éisträich gëtt d'Flicht, sech z'isoléiere wann ee positiv ass, opgehuewen. Wie positiv getest ass, mä sech net krank fillt, dierf aus dem Haus, sollt awer eng FFP2-Mask undoen. Dobausse gëllt dës Maskeflicht net. Schaffe goe mat Corona ass an Éisträich deemno och elo méiglech, wann ee wéi gesot keng Symptomer huet.