Den däitsche Pharma-Produzent Biontech wëll am Oktober en éischte Vaccin géint d'Corona-Varianten Omikron BA.4 a BA.5 ausliwweren.

Dat huet de Grupp e Méindeg op enger Bilan-Pressekonferenz annoncéiert. Am August elo géifen déi klinesch Tester ufänken. Biontech rechent fir d'Joer 2022 iwwregens mat engem Ëmsaz vun 13 bis 17 Milliarden €.