Wéi d'Pharmakonzern e Méindeg matgedeelt huet, sollen an Zukunft zu Melbourne RNA- Vaccine kënne produzéiert ginn.

Déi nei Moderna-Fabrik schafft mat enger vun deene wichtegsten Universitéiten am Land zesummen a soll pro Joer eng 100 Milliounen Dosissen Impfstoff géint Covid-19, géint d'Gripp an aner Krankheete produzéieren. D'Konstruktioun vun dëser Fabrik wier net nëmmen e Projet fir d'Gesondheet an d'Wëssenschaft, ma och fir déi national Sécherheet, esou de Premier Anthony Albanese. Duerch d'Pandemie hätt ee geléiert, dass een erëm méi misst lokal produzéieren. Et dierft een et net weider normal fannen, um Enn vu weltwäite Liwwerketten ze hänken, esou de Premier weider.

An Australien ass d'Zuel vun de Corona-Infektiounen an de leschte Méint erëm massiv erop gaangen. Dat nodeems en Deel vun de Restriktiounen opgehuewe gi war. De Virus ass domat erëm déi 3. heefegst Doudesursaach.