D'Bundesregierung wëll vun Oktober un eng landeswäit FFP2-Maskeflicht am ëffentlechen Transport bei längere Faarten aféieren.

Am Gesetzesentworf vum Gesondheetsminister Lauterbach gouf e Mëttwoch festgehalen, datt d'FFP2-Masken am ëffentlechen Transport, an de Caféen a Restauranten, souwéi an den ëffentleche Gebaier obligatoresch solle sinn. Wien en negativen Test bei sech huet, wier vun der Maskeflicht befreit. Doriwwer eraus missten och Kanner tëscht 6 a 14 Joer Masken undoen. An de Spideeler souwéi an de Fleegeheemer solle Visitte just nach mat negativem Corona-Test erlaabt ginn.

Dës Reegelunge sollen den 1. Oktober 2022 a Kraaft trieden a bis de 7. Abrëll 2023 gëllen.

Am Raum stinn och nach Aschränkunge fir verschidde Fräizäit-, Kultur- a Sportsaktivitéiten. Hei géif de Bund den Ament awer keng kloer Richtlinne ginn, mä déi eenzel Bundeslänner kéinten do individuell entscheeden.