Los Angeles muss 31 Milliounen Dollar Schuedenersatz un Hannerbliwwe bezuelen

© AFP/Frederic J. BROWN
Well Secouriste Fotoe vun de Läiche verbreet hunn, muss de Bezierk Los Angeles eng Zomm a Milliounenhéicht un d'Famillje vun den Affer bezuelen.
Beim Accident de 26. Januar 2020 waren nieft dem Kobe Bryant a senger Duechter nach 7 weider Persounen ëm d'Liewe komm.
Verschidde Membere vun de Rettungsdéngschter an aus dem Büro vum Sheriff hate Fotoe vun de Läiche gemaach an déi deels weidergeschéckt.
D'Wittfra vum Kobe Bryant, wéi och de Mann a Papp vun enger Fra an engem Meedchen, déi beim Accident gestuerwe sinn, haten doropshi Plainte gemaach a kruten elo virun engem Geriicht zu Los Angeles Recht. Si wollten op alle Fall verhënneren, dass d'Fotoen am Internet optauchen.
De Bezierk Los Angeles muss elo 31 Milliounen Dollar Schuedenersatz un déi Hannerbliwwe bezuelen.