"D'NATO an d'EU hätte scho viru laanger Zäit musse "Stopp" soen"

Dat seet d'Asli Erdogan iwwert den tierkesche President, mat deem si de Familljennumm deelt. D'Journalistin a Auteur lieft zu Berlin am politeschen Exil.
D'Wourecht soen huet en ëmmer méi héije Präis an der Tierkei. Déi lescht Woch huet de President duerch en neit Gesetz, ironescherweis "Desinformatiounsgesetz" genannt, d’Méiglechkeet, d’Meenungsfräiheet nach méi anzeschränken. Nodeem déi klassesch Press scho sou gutt wéi zerschloen gouf, versicht den Autokrat Erdogan elo och seng Kritiker op de sozialen Medien monddoud ze maachen.
Vill vu senge Kritiker hunn d’Tierkei antëscht verlooss. Zu hinnen gehéiert och d’Asli Erdogan, Journalistin, mä zemools mat ville Präisser ausgezeechent Schrëftstellerin, déi 2016 kuerz no mëssgléckte Coup an der Tierkei vum Regime festgeholl an 132 Deeg inhaftéiert gouf.
Am Prisong krut si weder déi fir si liewenswichteg Medikamenter nach Traitementer, mat ganz grave Konsequenze fir hir Gesondheet, kierperlech ass si gebrach, mä hält nawell net op mat schreiwen an denoncéieren.
Si lieft ewell zu Berlin am Exil a war op Invitatioun vum Institut Pierre Werner an dem Stater Theater zu Lëtzebuerg fir d’Opféierung vun enger Oper mat hiren Texter. D'Caroline Mart huet mat der Asli Erdogan geschwat, fir gewuer ze ginn, wat et bedeit, seng Heemecht missen ze verloossen, ma och iwwert den tierkeschen Repressiounsregime, de President Erdogan a wéi Europa sollt mat him ëmgoen.
Bonsoir. Äert Verbriechen war, d’Wourecht ze schreiwen. Geet dat an der Tierkei duer, fir liewenslaange Prisong ze riskéieren?
Ech mengen, ech war eent vun den éischten Affer, fir der Regierung hire Pouvoir ze demonstréiere. Ech gouf festgeholl an enger riseger Operatioun mat iwwer 40 arméierten Polizisten. Si hunn déi komplett Noperschaft terroriséiert a liewenslaangen Prisong fir mech gefuerdert: E risege Schock an als eenzege "Beweiser"géint mech hate se just e puer Artikelen, déi ech geschriwwen hunn. Dat war et.
Wéi ass dat de selwechte Numm ze hunn wéi äre Folterkniecht?
D'Asli Erdogan laacht. Et ass e geleefegen Numm, et si net just mir zwee a scho virdrun hunn ech mech schwéier gedoen domat, well et heescht wuertwiertlech: "als Mann gebuer". Si laacht nees. Wéi sou villes am Liewen hunn ech mir et net erausgesicht.
Firwat hunn Autokraten an Diktatoren esou vill Angscht viru Wierder, Auteuren oder Intellektuellen?
Et ass en ale Sproch: Wann s de net d'Kraaft vun de Wierder kenns, da kenns de net d’Kraaft vun de Mënschen! Ech mengen, ganz déif an hinnen hunn déi Diktatoren Angscht virun de mënschlechen Häerzer.
Si hu versicht iech ze briechen am Prisong, dir waart och an Isolatioun. Kënnen déi Wonnen heelen an Ärer Séil an ärem Kierper, oder bléift Dir op eng Aart a Weis fir ëmmer am Prisong?
Ech hunn e Buch geschriwwe sechs Joer virdrun: "D'Haus aus Steen". No all Trauma denken ech, dass en Deel vun ons iwwerlieft, an een Deel bléift an de Steng an an de Wonnen am Prisong, am abstrakte metaphoresche Prisong.
An Dir bezuelt en héije Präis dofir, gesondheetlech an och duerch e Liewen am Exil.
Ech bezuelen, andeem ech méi haart ginn net méi richteg fille kann. Ech sinn iwwerzeegt, dass all Leiden derwäert ass, wann ech doraus Konscht maache kann, awer och Empathie! Wann ech net d’Péng vum Anere verstinn, war meng ganz eegen ëmsoss, mä heiansdo no staarken Traumaen hunn ech d'Gefill, ze verhäerden, sou ze ginn, wéi déi haart Welt ëm mech. Dir wësst, fir ze iwwerliewe musst Dir dat maachen, iech upassen.
Eng vun de Froen, déi mir ons lo zanter Méint stellen, ass déi, wéi verréckt ass de Putin. Solle mir ons net och déi Fro stelle beim tierkeschen President, wéi verréckt ass den Erdogan?
D'Asli Erdogan laacht komesch. Dir wësst, ech kann nach eng Kéier liewenslaange Prisong heifir kréien. Da soe mir: En ass psychologesch ganz an der Rei... fir d'Zensur! ... Paus... Mäjo, ech mengen, dass de Pouvoir Mënsche verännert. Grad bei deenen, déi ongebremste Muecht hunn, déi, wéi ech denken, scho virdru schwiereg Perséinlechkeete waren, fir dës absolut Muecht ze wëllen. Mä wa se dat bis hunn, gëtt et ëmmer méi schlëmm nach! Jo si sinn ni zefridden a se gi paranoid. Si stelle sech Géigner a Feinden iwwerall vir. Et gëtt scho Parallelle mat Hitler, Mussolini a Stalin. Warscheinlech si se awer verschidde vun deenen am Sënn vu méi pragmatesch manner ideologesch. Den Erdogan ännert seng Ideologie, wéi et hien arrangéiert. Hien ass en Opportunist a populär an ech weess net, wat hie sou charismatesch mécht, fir d'Massen. E ass mir e grousst Rätsel et ass sou kloer ze gesinn, dass déi Mënsche geféierlech obsedéiert si mam Pouvoir an dass se zu allem Bereet sinn an null Empathie hunn. Genee dat, wat d'Welt elo sou brauch.
Dir sot, si si méi pragmatesch. Wéi vill Realpolitik däerf een a Krisenzäiten hunn, well souwuel de Putin wéi den Erdogan ware ganz clever, fir Ofhängegkeeten ze schafen: deen een mam Gas an den anere mat Flüchtlingen. An d’EU huet en Deal mat him: Du kriss Suen, suerg just dofir, dass keng Flüchtlinge bei ons kommen a beim "Wéi" kucke mir net hin. Si mir naiv oder Komplizen?
Dat ass eng ganz schwéier Fro. Ech géing Europa kritiséieren, fir zimmlech kuerzsiichteg gewiescht ze sinn. Net méi déif gekuckt ze hunn an och egoistesch gewiescht ze sinn.Mee wou ass Grenz, wou muss een déi zéien? Hien danzt op zwou Hochzäiten. D'Tierkei ass an der NATO a wëll och dem chinesesch-russeche Pendant "Shanghai Cooperation Organisation" bäitrieden. Wéini soll d'NATO oder d'EU do "Stopp" soen?
Dat hätte se scho viru laanger Zäit maache sollen. Zanter 2016 ass do esou gutt wéi keng Demokratie méi iwwereg an der Tierkei. De Rechtssystem ass komplett zerstéiert. Dir kritt duerch en einfachen Uruff Liewenslaang, dir kënnt de bekannste Journalist sinn oder Universitär, eng Geschäftsfra, e Wëssenschaftler... A vläicht ni méi aus dem Prisong kommen. Et ass richteg seriö an der Tierkei. D'Prisonge sinn iwwerfëllt, se sinn amgaangen, neier ze bauen, an déi eng hallef Millioun Mënschen erapassen. D'Press ass komplett ënnerdréckt an Europa weess dat a se gesinn dës tierkesch Operatiounen a Syrien an Irak, den Drock géint Griichenland. Den Erdogan sicht Krich. Do ass vill ze vill acceptéiert ginn et huet een hien ëmmer méi grouss gi gelooss.Mir schwätzen hei an Europa iwwer Inflatioun an do si mir bei 6 bis 10% oder 12%. An der Tierkei sinn et 80% , wat bedeit dat fir d'Mënschen, déi do liewen?
Et ass en riseg ekonomesch Kris. 70% vun der Populatioun lieft ongeféier mat 500 Euro de Mount am Verglach mat europäeschen Standarden. Dat geet duer, fir ze erhéngeren. Et ass einfach ze vill Drock op den Tierke vun alle Säiten: Police, Ekonomie… Dat eenzegt, wat ech hoffe kann, ass, dass déi nächst Wale ganz bësse méi demokratesch ginn, mä ech kann dat wierklech net soen.Hofft dir ëmmer nach, fir engesdags zréckzegoen?
D'Asli Erdogan zéckt nees. Natierlech. Meng Literatur ass ganz staark eng Exilliteratur. Ech sinn ze soen am Exil, gebuer souguer an der Tierkei. Mä esou wéi ech eng politesch Exilanti gi sinn, net gesicht, dat ass et keng Metapher méi. Et ass eng batter Realitéit. Et ass meng imaginär Heemescht. Vläicht bedéngt duerch den Alter a meng ganz eescht Gesondheetsproblemer, déi mäin Zäit- Horizont limitéieren. Natierlech wëll ech zréckgoen an déi leschten Jore vu mengem Liewen zu Istanbul verbréngen... Mä...
Mir hoffen dat bescht fir iech, villmools Merci.