Den Opportunist vum Bosporus
Seng eege Bierger monddoud maachen, seng Nopere menacéieren a seng Kap ëmmer nom Wand dréine: Aktuell ass d'Relatioun EU-Erdogan eng ganz komplizéiert.
Et besteet eng komplizéiert Relatioun tëscht der EU an der Tierkei. Engersäits eng géigesäiteg Ofhängegkeet, net nëmmen als NATO-Partner, awer och an der Flüchtlingskris. Anerersäits zéckt de President Erdogan net, d’Kap mam Wand ze dréien, wa sech eng Geleeënheet opdeet mam Zil, senge nationalistesche Wieler entgéintzekommen. E réckelt ëmmer méi däitlech a seng autokratesch Roll, virun allem am Hibléck op d’Walen an der Tierkei dat nächst Joer am Juni.
Fir sech eng Sonnendäischtert unzekucken, geet et, mä fir matzekréien, wat am eegene Land amgaangen ass, ze geschéien, hu vill Tierken de falsche Brëll op. Den Opportunist Erdogan lenkt doheem gären of vun der scho quasi chronescher Finanzkris an huet de Liichtgleewege verklickert, nëmmen eng Presidentschaft, wou hien eleng d’Vollmuechten hätt, wier d’Léisung vun alle Problemer.
E stiliséiert sech gären als Messias, dee fäerdeg bruecht huet, dass d’Ukrain ka Weess exportéieren. Mä am Fong sicht hie just no de Moyenen, déi sengen Ambitioune gerecht ginn. Och bei senge militäreschen Aventuren a Nordsyrien. Säi blannen Haass op d’Kurde spillt sengem Géigner Assad souguer nach an d’Kaarten. Als enke Kremlfrënd – iwwregens deen eenzege NATO-Partner, dee sech do nach mat Handshake empfänke léisst – grenzt seng Diplomatie un aussepolitesch Prostitutioun.
Déi europäesch Länner sichen den Ament, wou se hire Gas sollen hierkréien. Gottseidank huet d’Tierkei dee Problem net. Mir gi geschwënn eng Ëmsazplaz fir Gas. Mir sinn ons an der leschter Reunioun mam Putin eens ginn. De Gas kënnt aus Russland a mir kënne vun der Tierkei aus un Europa liwweren, esou den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan.
Als Opportunist - a Waffenhändler - ass den Erdogan och am Krich ëm Nagorno-Karabakh, tëscht Armenien an Azerbaijan, opgetrueden. E steet gären op der Säit vun deene Staarke, virun allem ,wann et hie selwer arrangéiert. Wat de NATO-Bäitrëtt vu Schweden a Finnland ugeet, ass et nieft der "éiweger-Spläiter-am-Fouss" Viktor Orbán och nach just den Erdogan, dee blockéiert.
A wat seng direkt Noperschaftsrelatiounen ugeet, zum Beispill déi mat Griichenland, spillt den Erdogan och nawell gär de Plumpaquatsch, dee no internationaler Wäertschätzung verlaangert.
Dat gëllt fir Griichenland oder all Land, wat ons stéiert oder ugräift. Meng Äntwert ass: “Mir kënnen op eemol eng Kéier nuets do sinn. Si sollen sech däers bewosst sinn an et verstoen. Wann Dir et verstanen hutt, hunn si et och verstanen.
D'Kiischt um Kuch am Opbau vun der Karriär zum Diktator ass elo dat neit Desinformatiounsgesetz. Journaliste riskéiere bis zu 3 Joer Prisong fir d’Wourecht. De Beruffsstand gëtt kriminaliséiert, soubal e net regimetrei ass, well d’Regierung definéiert, wat "Desinformatioun" ass a wat net. Mat der Pressefräiheet ass d'Kritik gestuerwen. Mä den Text geet vill méi wäit och Privatleit dierf keng eege Meenung méi hunn.
Iech bleift keng Fräiheet Rescht, seet den Oppositiounspolitiker Burak Erbay. De Smartphone an ärer Täsch mat Instagram, Facebook, YouTube, mat deem der kënnt telefonéieren. Haut ass den 12. Oktober. Wann dat Desinformatiounsgesetz muer duerch d’Parlament geet, kënnt der ären Telefon futti schloen an ewech puchen. Dir kënnt se net méi gebrauchen. Am Juni 2023 si Wahlen. Komm mir léiere se eng Lektioun.