De franséische Santésminister François Braun huet um Sonndeg un d'Populatioun appelléiert sech géint Covid19 impfen ze loossen.

Virun allem vulnerabel Leit sollte sech en Vue vun enger méiglecher Covid-Well schützen. Aktuell wier hien zwar net fir eng Maskeflicht, ma de Minister huet de Leit awer un d'Häerz geluecht erëm Masken unzedoen.

Frankräich kämpft den Ament mat enger dräifacher Epidemie mat de Covid-Infektiounen, déi erëm zouhuelen, der Bronchiolite an der Gripp.