Am Kader vun de manner strenge Corona-Mesuren huet China e Méindeg d'Ofschaltung vun der wichtegster Noverfolgungsapp ugekënnegt.

D'"Communications Itinerary Card", déi unhand vum Handysignal iwwerpréift, ob sech den Notzer an engem Risikogebitt opgehalen huet, soll en Dënschdeg vum Netz geholl ginn, heescht et am Onlinedéngscht WeChat.

D'App war en zentrale Bestanddeel vun der strenger chineesescher Null-Covid-Politik. Si war am Joer 2020 agefouert ginn a war eng Viraussetzung, fir dass een tëscht de Provënze reese konnt oder un Eventer konnt deelhuelen.