Nom Enn vun der Null-Covid-Politik a China fänken d'Spideeler u sech ze fëllen. Virologen erwaarden eng Infektiounswell.

Besonnesch zu Peking verbreet sech de Virus immens séier, och well d'Populatioun net genuch geimpft ass. An der chineesescher Haaptstad sinn éischt Spideeler iwwerfëllt a Medikamenter géint Féiwer souwéi Schnelltester sinn op ville Plazen ausverkaaft.

Zu Peking ass alles nees op, mä d'Stad wierkt mat sengen 20 Milliounen Awunner awer deels wéi ausgestuerwen. Entweder trauen d'Leit sech net méi eraus oder si hunn de Virus erwëscht. D'Büroe sinn eidel a Restaurante sinn zou, well d'Personal feelt.

De ganz grousse Chaos schéngt et de Moment nach net ze ginn. Et riskéiert awer eréischt den Ufank vun enger Infektiounswell ze sinn. Virologe ginn dovun aus, dass d'Fallzuelen an den nächsten Deeg wäerten däitlech an d'Luucht goen a sech de Virus dann och am ganze Land immens séier ausbreet. E System, deen d'Fäll zielt, gëtt et net.

China huet allgemeng eng héich Impfquot, heescht et offiziell. Mä Milliounen eeler Leit sinn net uerdentlech geimpft.

Eréischt elo huet China den zweete Booster zougelooss.