An der Nuecht op e Sonndeg haten d'EU-Parlament an d'Memberstaate sech op verschäerfte Reegele vun de Präisser op d'CO2-Emissioune gëeenegt.

Dës sinn e wichtegen Deel vum europäesche Klimapak "Fit for 55".  Dem CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen no wier d'Verschäerfung vun dëse Reegelen eng riseg Erausfuerderung awer "machbar, wa jidderee mat upéckt".

Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens ënnersträicht, datt esouwuel op d'Privatleit ewéi och op d'Industrie riseg Ëmstellungen duerkomme wäerten. Jiddereen, dee fir CO2-Emissioune responsabel ass, wäert an Zukunft méi déif dofir mussen an d'Täsch gräifen, sou de Charles Goerens. "Zil ass, datt mer dann 2030 op 55 Prozent manner CO2 Emissioune par rapport zu 1990 kommen."

De sougenannte Klimasozialfong war och e groussen Diskussiounspunkt. Et gouf sech op 87 Milliarde gëeenegt, mat deene Stéit entlaascht an Investitioune gefërdert solle ginn. Dee Fong géif dem DP-Europadeputéierten no awer net duergoen. "Besonnesch wann ee gesäit, wat mer eis elo den nächste Wanter a vläicht deen drop kaschte loossen, dann ass dat bei wäitem net genuch. Dofir ass och ugeschwat ginn, datt d'Memberstaaten nach Geld kënne mat afléisse loossen."

Fir den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen wier nach emol verschäerft ginn, fir datt d'Klimaneutralitéit bis 2050 wierklech kéint areecht ginn: Natierlech wéilt een alles sou séier wéi méiglech maachen. "Mir mussen awer dann och kucken, wat d'Konsequenze sinn, wa mer iwwerambitiéis sinn an net déi néideg Hëllefe fir d'Betriber an d'Bierger virgesinn. Da gëtt d'Klimapolitik vläicht net méi gedroe vun engem groussen Deel vun der Gesellschaft a mer riskéieren, datt d'Produktioun aus der EU verlagert gëtt"

Et bräicht een awer och verschidde Flexibilitéiten, zum Beispill wann d'Energiepräisser weider esou evoluéiere wéi de Moment, huet den CSV-Europadeputéierten nach betount.