Roll vun der EU an der Sahel-Regioun

© AFP
D'Presenz vun der Europäescher Unioun an der Sahel-Regioun wier wichteg an dat hätt Lëtzebuerg verstanen.
Dat seet d'Emanuela Del Re, Sonnerbeoptraagt vun der EU fir dës Regioun. Si huet sech zu Lëtzebuerg mat de Ministere fir d'Verdeedegung a fir d'Kooperatioun, mat der Chamber a mat ONGen ausgetosch. Lëtzebuerg ass am Burkina Faso, am Mali an am Niger aktiv - an 2 vun dëse Länner ass d'Situatioun volatil.
Frankräich an Däitschland hunn dëst Joer decidéiert, hir militäresch Presenz aus dem Mali zréckzezéien. Et wier kloer, datt déi aktuell Situatioun et net géing erlaben, d'Zesummenaarbecht einfach weider lafen ze loosse wéi virdrun, sou d'Emanuela Del Re. Et kéint net sinn, datt d'EU Zaldoten ausbilt, déi dann ënnert dem Kommando vu russesche Söldner schaffen, ma dat wier net verstane gi vun deenen, déi d'Soen hunn. Et misst ee gesinn, datt d'Sahel-Länner ganz vulnerabel wieren.
"Quand on est vulnérable on peut prendre des décisions. Dans le cas du Niger ils ont fait le choix correct, dans le cas du Mali ils ont décidé de se lancer dans une aventure qu'ils savaient pourrait être vraiment dangereux et ce sont des situations que dépendent aussi du fait que la Russie n'offre pas quelque chose de clair."
Si hätt awer Hoffnung an d'Zivilgesellschaft am Mali, dowéinst wier déi humanitär Ënnerstëtzung och wichteg. Am Burkina Faso misst een nom Regierungswiessel duerch e Coup d'Etat am September nach evaluéieren, wéi eng Aarbecht d'EU nach do maache kann. An den Ae vun der EU-Spezialbeobtraagter misst een de Länner an der Sahel-Zon kommunizéieren, datt d'EU deen "natierleche Partner" wier.
"Les pays du Sahel ont une grande connaissance de notre culture, je dois dire que c'est nous qui n'avons pas la connaissance de leur culture, qui est une culture très riche fascinante, mais on ne la connaît pas, mais ils nous connaissent très bien. Ils ont grandi avec nous dans l'histoire et aussi je dois dire que l'aspiration de société sahélienne est un modèle comme le modèle européen, un modèle de société avec l'état de droit, l'état de provision, avec la possibilité de l'individu de se réaliser, d'avoir un future, avec une jeunesse libre, une jeunesse qui peut faire des choix, et ça c'est quelque chose qu'on peut donner aux pays du Sahel."
D'Europäesch Unioun géing d'Leit aus deene Länner och an Zukunft nach brauchen, sou d'Emanuela Del Re. Nieft Efforten um militäreschen an um humanitäre Plang misst een an hiren Aen och Weeër fir déi legal Migratioun opmaachen.
"On ne peut pas tolérerer les morts dans les déserts et les morts dans la Méditerrannée aujourd'hui 2022, 2023 dans quelques jours. Alors on doit commencer vraiment à créer des systèmes de migration légale."
Lëtzebuerg géing eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht an der Sahel-Regioun leeschten, esou d'Aschätzung vun der Spezialbeobtraagter, mee och um politeschen Niveau eng wichteg Roll spillen. D'Diskussiounen an Europa wieren emotiounsgelueden, ma Lëtzebuerg géing lucid a rationell bleiwen, sou d'Emanuela Del Re.