Schlëmmsten H5N1-Ausbroch an der Geschicht

© AFP
Am leschte Joer gouf engem EU-Bericht no en Héchststand vu Vullegripp-Ausbréch an Europa erreecht. Vu 50 Millioune gekeulten Déieren ass Rieds.
Et handelt sech ëm deen "schroosten Ausbroch" an der Geschicht. Dat soen d'Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA), den Europäeschen Zentrum fir d'Präventioun an d'Kontroll vu Krankheeten (ECDC) an d'EU. Tëscht Oktober 2021 a September 2022 wiere ronn 2.500 Vullegripp-Ausbréch a landwirtschaftleche Betriber a 37 europäesche Staate festgestallt ginn.
Der EFSA no goufen an deem Zäitraum ronn 50 Millioune Vulle gekeult. D'Zuel vun den tatsächlech doutgemaachten Déieren am Zesummenhang mat der Vullegripp dierft däitlech méi héich leien. Dat präventiv Ëmbrénge vun Hénger, Inten a Schnuddelhénger wier an dëser Zuel net mat abegraff.
Fir eng éischte Kéier hätt et och keng däitlech Trennung tëscht zwou Epidemiewelle ginn, well de Virus am Summer net ënner Kontroll konnt bruecht ginn. Am Hierscht 2022 war d'Epidemie donieft vill méi hefteg wéi dat Joer virdrun am selwechten Zäitraum. D'Zuel vun den infizéierte Betriber louch deemno ëm 35 Prozent méi héich.
Tëscht dem 2. September an dem 10. Dezember goufe ronn 400 Ausbréch a landwirtschaftleche Betriber an 18 europäesche Länner enregistréiert. De Virus war och méi wéi 600 Mol bei wëlle Vigel festgestallt ginn, virun allem bei Inten a Schwanen. Dem Bericht no kéint dëst dozou bäigedroen hunn, dass de Virus an nach méi Betriber ausgebrach ass.
Europäesch Gesondheetsagencë préiwen aktuell d'Méiglechkeet, en Ausbreede vum Virus duerch Impfungen ze stoppen.
D'Vullegripp ass fir déi infizéiert Déiere selwer déidlech, fir de Mënsch an der Reegel awer ongeféierlech. Allerdéngs kann den H5N1-Virus a seelene Fäll och op de Mënsch iwwergoen a schwéier Erkrankungen ausléisen.