Europäesche Geriichtshaff
Leit, déi wéinst Loftverschmotzung krank ginn, hu kee Recht op Schuedenersatz

© AFP (Archiv)
Dat huet den Europäesche Geriichtshaff en Donneschdeg decidéiert.
Deemno musse Staaten hir Bierger net wéinst schlechter Loft entschiedegen. D'EU-Memberstaate kënnen nawell ënner Ëmstänn haftbar gemaach ginn. Eenzelpersoune missten och d'Recht hunn, fir an hirem Land Mesurë fir propper Loft anzefuerderen, sou dat iewescht europäescht Geriicht. Dozou gehéieren zum Beispill Diesel-Fuerverbueter.
Am meeschte gelies