Déi obligatoresch Quarantän vu 5 Deeg bei der Arees gëtt den 8. Januar opgehuewen. Fir a China ze reesen, brauch een da just nach en negative PCR-Test.

Domat fält eng weider Restriktioun ewech, nodeems China seng Null-Covid-Politik opginn huet. Betraff si jo och d’Chinese selwer. D’Nofro no Flich an d’Ausland ass elo ganz grouss. A China sinn den Ament d’Covid-Infektiounen, d’Hospitalisatiounen an och d’Stierffäll dramatesch geklommen. D’Populatioun ass net gutt genuch geimpft. Wéi vill Leit genee betraff sinn, ass net gewosst. China publizéiert keng Covid-Statistike méi.