"Next Generation EU"
Lëtzebuerg freet knapp 26 Milliounen Hëllefen zu Bréissel un

Et ass déi 1. Demande am Kader vum Plang fir d'Reprise an d'Resilienz, dee sech an den europäesche Relance-Programm "Next Generation EU" aschreift.
Dee Programm huet e Budget vu 750 Milliarden Euro. Déi ganz Subventiouns-Enveloppe fir Lëtzebuerg gesäit hei 82,7 Milliounen Euro vir. D'Lëtzebuerger Demande betrëfft Reformen am Beräich Kompetenzen, Klima, Gesondheet a Lutte géint de Blanchiment. Och Investissementer am Domän Digitaliséierung si virgesinn. D'Ufro vu Lëtzebuerg gëtt elo vun der EU-Kommissioun evaluéiert.
Am meeschte gelies