Aktuell erliewen d‘Alpen eng extreem Schnéi-Aarmut an dat kombinéiert mat mëllen Temperaturen mécht ville Schigebidder extrem ze schafen.

Vill Wantersport-Amateure maachen sech den Ament gréisser Suergen ëm hir Schivakanz.

Kee Schnéi op de Schipisten / Reportage Annick Goerens

Ugangs Januar gesäit een nämlech an de Schwäizer an an den Éisträichesche Schigebidder normalerweis masseg Schi- a Snowboarder, déi an enger schéiner Wanterlandschaft un de Lifter waarden, fir nach een Tour op de blo, rout a schwaarze Piste kënnen erofzebriederen. Aktuell kommen allerdéngs ganz aner Biller: gréng/brong Wisen, dertëscht e puer wäiss Sträifen, wou d'Schnéikanounen äifreg schaffen. An souguer de Konschtschnéi kann op ville Plazen net méi produzéiert ginn – et ass einfach ze waarm. Dat huet een Effekt op vill Betriber op der Plaz.

Den Armon Cantieni, Direkter vum Téléphérique Télé Leysin an den Alpes Vaudoises an der Schwäiz seet, dass een aktuell 35-40 Prozent manner Leit huet wéi soss.

„C‘est bien clair qu‘on est inquiet, mais on doit aussi dire que la situation cette année est exceptionnelle. Moi je suis depuis 30 ans dans les remontées mécaniques. J‘ai eu 2 débuts d‘hiver, qui ont été comme cette année. Mais c‘est clair nous on réfléchit beaucoup pour renforcer les autres 3 saisons.“

Effektiv sinn op ville Plazen d'Piste fir de Wantersport zou. Besonnesch do gesäit een amplaz Wanderer, Mountainbiker a Leit, déi d'Summer-Rodelbahne benotzen. Vill Awunner am Alperaum sinn iwwer dës Entwécklung besuergt.

« Quand je vois ça, ça fait quand même un peu mal au cœur, parce que j‘ai l‘habitude de venir skier ici, depuis que je suis toute petite et puis de voir l‘état des pistes comme ça. J‘ai des enfants qui apprennent à skier, puis la réflexion qu‘on se faisait, c‘était „est-ce que ça vaut encore la peine de les lancer sur les pistes et de leur apprendre ces joies-là maintenant et on ne saura pas qu’est-ce que ce sera après. »

Besonnesch schlëmm ass et fir d'Nordsäit vun den Alpen. Op der Südsäit ginn nach eng Rei Plazen, wou vill Schnéi ass an déi gutt lafen. Aktuell gesinn d‘Previsioune bis Enn Januar keng grouss Wanterfront erbäikommen, awer plazeweis kéint et ugangs nächster Woch frësche Schnéi ginn.

Lëtzebuerger Tour Operateuren hunn op alle Fall aktuell nach keng Annulatioune wéinst dëser Schnéi-Aarmut. Fir vill Leit, déi fir d'Fuesvakanz gebucht hunn, gëllt et elo mol nach ofzewaarden.