D'Pandemie ass eriwwer, sou war den däitsche Virolog Christian Drosten Enn des Joers zitéiert oder op d'mannst interpretéiert ginn.

De Virolog fillt sech awer falsch verstoen.

Am Interview hätt hien u sech eppes aneres gesot wéi dat, wat bei de Leit ukomm ass, sot de Charité-Professer am Coronavirus-Update-Podcast.

Hien hätt gesot, hie géif sech erwaarden, datt d'Wanterwell éischter eng endemesch Well wäert sinn an datt dann d'Pandemie eriwwer ass.

D'Enn vun der Pandemie kéint een net virdrun annoncéieren, mä dat géif een eréischt dono gesinn.