Zu Lëtzebuerg ass d'Maskeflicht am ëffentlechen Transport scho méi laang net méi aktuell, an Däitschland sollen d'Masken och elo deelweis falen.

Vum 2. Februar u gëtt et keng Maskeflicht méi am ëffentlechen Transport op de laangen Distanzen, huet den SPD-Gesondheetsminister Karl Lauterbach e Freideg de Moien annoncéiert. Dat wéinst der niddereger Zuel u Corona-Infektiounen.

De Karl Lauterbach huet trotzdeem besonnesch vulnerabel Mënschen dozou opgeruff, fräiwëlleg nach ëmmer Masken unzedoen, fir sech selwer ze schützen. An enger Rei Bundeslänner war d'Maskeflicht fir den ëffentlechen Transport op de kuerzen Distanze schonn ofgeschaaft ginn, respektiv fir den nächste Mount annoncéiert ginn. Nom 2. Februar gëtt et an Däitschland da just nach eng Maskeflicht a Spideeler, Fleegeheemer an Dokteschpraxissen.

Fir den Transport op de laange Strecken ass d'Regierung zoustänneg, fir den ëffentlechen Noverkéier decidéieren allerdéngs weiderhin déi eenzel Bundeslänner. A Rheinland-Pfalz gëllt an de Busser zum Beispill weiderhin d'Maskeflicht.