Si hätt net méi genuch Kraaft, fir déi Aarbecht ze maachen, sot d'Premierministesch op enger Pressekonferenz.

"Ech weess, wat ee fir dëse Job brauch, an ech weess, datt ech net méi genuch am Tank hunn. Et ass einfach esou", sot si op hirer éischter Pressekonferenz vun dësem Joer. "Mir all ginn, esou laang mer kënnen, an dann ass et eriwwer. An elo ass et fir mech un der Zäit." Dowéinst géif si de 7. Februar hire Posten néierleeën.

Wärend hirer Annonce hat déi 42 Joer al Regierungscheffin méi wéi eng Kéier mat den Tréinen ze kämpfen.

De Weekend scho soll e Successeur designéiert ginn a fir de 14. Oktober si Parlamentswale virgesinn. Bis dohinner géif si awer am Parlament bleiwen.

2017 war d'Ardern un d'Spëtzt vu Neiséiland gewielt ginn a war am Alter vu 37 Joer déi jéngste Fra weltwäit, déi eng Regierung gefouert huet. Virun zwee Joer gouf hir liberal Partei dunn zeréckgewielt, datt mat engem héije Prozentsaz. An de jéngsten Ëmfroe war d'Partei awer hannert hir konservativ Rivalen zeréckgefall.