Bilateraalt Treffen a beweegten Zäiten: Ekonomesch Relatiounen an de Krich an der Ukrain sinn d‘Haaptthemen an der lettescher Haaptstad Riga.

Bei frëschen 0 Grad an 10 Zentimeter Schnéi war et um Sonndeg am Nomëtten d‘Arrivée zu Riga. Bis en Dënschdeg nach sinn de Grand-Duc Henri ewéi och den Ausseminister Jean Asselborn an de Wirtschaftsminister Franz Fayot op Invitatioun vum lettesche President Egils Levits op Visitt a Lettland. Um Sonndeg louch de Fokus op der Kultur. No engem kuerzen Trëppeltour duerch d‘Alstad gouf de national Konschtmusée besicht.

D‘Alberta Strooss ass bekannt fir hir historesch Art Nouveau Gebaier
Dës goufen all tëscht 1901 an 1908 gebaut.

Am Vierdergrond vun der Visitt stinn déi ekonomesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg an dem Baltesche Land, ma och de russesche Krich an der Ukrain an d‘Sécherheet op der NATO-Ostflank wäerte wärend dësem Besuch net ignoréiert ginn.

Lëtzebuerg-Lettland Relatioun geet wäit zeréck

D‘lescht Joer war et schonns de “Centenaire“ vun de bilateralen an den 30. Anniversaire vun den diplomatesche Relatiounen tëscht dem Grand-Duché a Lettland.

D‘Kooperatioun tëscht béide Länner huet sech no der Opnam vu Lettland an d‘NATO 2004 intensivéiert. 2017 huet Lëtzebuerg 3 Milliounen Euro beim Bau vun de NATO-Kasären am Camp Adazi contribuéiert. Tëscht 2020 a 2024 gi nach eng Kéier 8 Milliounen Euro an Defense op der Plaz investéiert.

Lettland exportéiert virun allem Plastik a Kautschuk

All Joers wiesselen tëscht Lëtzebuerg a Lettland tëscht 10 an 20 Milliounen Euro d‘Keess. 2021 huet Lëtzebuerg Wueren am Wäert vun 7,33 Milliounen Euro an d'Land exportéiert. De Groussdeel dovunner ware Maschinnen, elektrescht Material, Toun- a Video Material. Dat nämmlecht Joer huet Lëtzebuerg fir 9,7 Milliounen Euro Wueren importéiert. Dës ware gréisstendeels Plastik, Kautschuk, a Bau-Material.

Eng Visitt 260 Kilometer ewech vun der russescher Grenz

1991, no Joerzéngte Besatzung duerch d‘Sowjetunioun, feieren déi baltesch Staaten d‘Rekonstitutioun vun hirer Onofhängegkeet. Laang gewënscht gëtt dës geschützt – fir d‘éischt militäresch.

Schonn 1999 triede Polen, Tschechien an Ungarn der NATO bäi. 2004 war et dunn un Estland, Lettland, Litauen, Slowakei, Slowenien, Rumänien a Bulgarien.

D‘NATO gewënnt fir déi baltesch Länner ëmmer méi u Bedeitung. Zanter dem Krich an der Ukrain ganz besonnesch. Dëst Joer wëll d‘Regierung a Lettland de Verdeedegungsbudget op 3% vum PIB héijen. Méi ewéi vun der NATO gefuerdert. Mat knapp 7.000 Beruffszaldoten awer ass d‘Land am Fall vun enger Attack op Hëllef vu bausse ugewisen. Ronn 40.000 NATO-Zaldote sinn op der Ostflank stationéiert.

De Krich an der Ukrain erwächt eng Nervositéit an de baltesche Länner, datt ee selwer och an de Viséier vum Putin sengem Russland gerode kéint. Duerch d'Geschicht an d'Erfarung mat der Occupatiouns-Muecht Sowjetunoioun, mécht ee sech Suergen, datt sech dat elo am 21. Joerhonnert nach eng Kéier widderhuele kéint.

Besonnesch nodeems rezent Dokumenter iwwert eng méiglech, schläichend Annexioun vu Belarus u Russland bis 2030 ge-leaked goufen. Dokumenter vun 2021, déi fir authentesch gehale ginn. Konkret heescht dat, datt déi 3 baltesch NATO-Länner quasi vu Russland ëmzéngelt wieren.

D'lescht Joer nach huet et vum russesche Ausseministère geheescht, datt och Litauen bekannt wier fir déi vill Nazien, déi do liewen, respektiv Nazien, déi do un der Muecht sinn. Do fillt ee sech vu Säite vun de baltesche Länner un eng Rhetorik erënnert, déi scho géintiwwer der Ukrain opkomm ass.