Stroossbuerg befaasst sech mat Plainten am Kontext vum Klimawandel

© AFP/FREDERICK FLORIN
Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg befaasst sech vun e Mëttwoch un, eng 1. Kéier mat Plainten am Kontext vum Klimawandel.
Et geet ëm d'Fro, ob d'Politik et verpasst hätt, konsequent géint d'Äerderwiermung virzegoen an domat grondleeënd Mënscherechter net konnt garantéieren.
Geklot huet beispillsweis e Buergermeeschter aus Nord-Frankräich, dee säin Duerf duerch d'Klamme vum Mieresspigel a Gefor gesäit.
Donieft huet och de Schwäizer KlimaSeniore-Veräin geklot. D'Seniore gesinn hir Gesondheet duerch d'Äerderwiermung an d'Temperaturen, déi klammen, besonnesch menacéiert. Am Veräin vun de KlimaSenioren, déi vun der Ëmweltorganisatioun Greenpeace ënnerstëtzt ginn, sinn iwwer 2.000 Fraen am Alter vu méi wéi 64 Joer.
Klimaschutzorganisatioune wéi Greenpeace hoffen, dass mat engem Urteel d'Klimapolitik an Europa an doriwwer eraus beaflosst ka ginn. En Urteel gëtt sech awer réischt an enger Partie Méint erwaart.