D'Fransousen hunn d'Flemm. Déi eng, well déi ëmstridde Rentereform geschwënn a Kraaft triede kéint, déi aner, well se d'Konsequenze vum Streik spieren.

D'Stéphanie Zephirin kënnt all Dag aus Frankräich mam Zuch op Lëtzebuerg schaffen. Eng Streck vu ronn 45 Kilometer, déi an de leschte Woche wéinst dem Streik a Frankräich net ëmmer ganz onproblematesch verlaf ass. Zanter Woche lafe Protester géint déi geplangte Pensiounsreform. Amplaz bis 62 Joer, misst een deemno bis dat 64. Liewensjoer schaffe goen. An dat gefält ville Fransouse guer net. D'Stéphanie Zephirin bericht vun enger immens ugespaanter Lag. Frust a Roserei maache sech breet a féieren op de franséische Garen zu deels geféierleche Situatioune mat vill Gedrécks. "Il y a tellement peu de trains que les gens perdent la raison et le respect", beschreift d'Stéphanie d'Situatioun. "On a déjà vu la police venir sortir des personnes des trains pour pouvoir faire le départ car il était trop bondé”.

Si selwer houng och scho méi wéi eng Kéier op der Gare fest an huet missen op Bus oder Auto ëmklammen. Den Impakt op hiren Alldag wier grouss. Net nëmme muss d'Stéphanie sech all Dag op en Neits d'Fro stellen, wéi si op d'Aarbecht an nees heemkënnt, ma deen Zoustand wierkt sech och op d'Privatliewen, de Beruff an d'Finanzen negativ aus. "Je paye l'abonnement de train et l'essence pour pouvoir venir au travail quand il n'y a pas de train et je paye le parking", erkläert d'Stéphanie. "Parfois c’est difficile parce qu’on ne peut pas dire à chaque fois à son patron 'je vais arriver un peu en retard' ou 'je dois partir un peu en avance'".

Déi 39 Joer al Vendeuse schafft zanter ronn 20 Joer am Grand-Duché. Fir si an all anere Frontalier, gëllt also dat lëtzebuergescht Gesetz mam Pensiounsalter vu 65 Joer. Déi franséisch Rentereform betrëfft si net. Ëmsou méi iergert d'Stéphanie sech iwwer d'Aktioune vun den Demonstranten.

"Quelque chose que je n'arrive pas à comprendre: pourquoi ils bloquent les voies des frontaliers? Puisque nous on n'y est pour rien et ça n'impacte en aucun cas la politique. Donc ils n'arriveront pas à leur fin de cette manière-là, à part frustrer encore plus de gens."

D'Streikkultur a Frankräich ass bekanntlech staark ausgepräägt. Ma och hei am Land ass d'Streiken e Recht, wat an der Verfassung verankert ass, erkläert den Aarbechtsminister Georges Engel. Dobäi ass et awer streng gereegelt. Wärend der Gëltegkeetsdauer vun engem Kollektivvertrag, dierf zum Beispill net gestreikt ginn. Staatsbeamten dierfe streiken, mussen et awer 10 Deeg am Virfeld umellen. An dann huet Lëtzebuerg och nach eng Particularitéit: "T'ass den Office National de Conciliation wou ee sech muss virdru probéieren eens ze ginn éiert een da géing streike goen - dat ass eng Prozedur, déi ee muss anhalen", esou den Aarbechtsminister Georges Engel. Doduerch géing et zu Lëtzebuerg seelen zu engem Streik kommen.

"Mir sinn éischter mengen ech e Vollek, wat de Sozialdialog fleegt a wou gekuckt gëtt, zesummen eens ze ginn. Mir mussen natierlech hei och soen, mir hunn och aner Gehaltsprogressiounsstrukturen, wéi dat an anere Länner ass. Mir hunn den Index, wou an enger gewëssener Inflatioun mir 2,5% an der Pai bäikréien. Dofir hu mir hei och dee soziale Fridden, dat muss een awer ëmmer soen. Esou ee Streik läämt jo enorm d'Wirtschaft an deenen anere Länner. Dir gesitt jo wat a Frankräich a wat virun e puer Deeg an Däitschland war – ëffentlechen Transport lahm geluecht. Da leeft do näischt méi. Dann ass dat Land quasi dout."

Do dernieft dierft een net e Streik mat enger Demonstratioun verwiesselen, präziséiert de Georges Engel. Bei engem Streik leet ee seng Aarbecht néier, wou d'Aarbechtsrecht da mat spillt. Bei enger Manifestatioun geet een op d'Strooss well een net d'accord ass mat eppes. "Dat muss een umellen an déi Demonstratioune mussen an engem gewëssene Kader lafen, mä dat huet näischt mat engem Streik ze dinn", esou den Aarbechtsminister weider.

Fir d'Stéphanie steet fest: et musse Léisungen hir. Hir perséinlech Léisung war et deemools, op Lëtzebuerg schaffen ze kommen. Dacks wënscht si sech, dass a Frankräich déi nämmlecht Gesetzer wéi am Grand-Duché géife gëllen, seet d'Stéphanie. Si ass hin an hier gerappt tëscht dem Versteesdemech fir d'Demonstranten an dem Wonsch no Ännerungen.

"Je les comprend parce qu'ils imposent des lois au lieu de les faire voter, donc je comprend les personnes qui font la grève. Mais on sort du Covid, il y a de moins en moins d'argent dans les caisses, il y a beaucoup plus de personnes âgées et moins de personnes qui travaillent. Donc la pyramide n'est pas bonne pour la retraite."

Si hofft, dass d'Situatioun sech geschwë berouegt. Dat kéint awer nach e bëssen daueren. Den nächste Protestdag ass nämlech scho festgeluecht: de 6. Abrëll soll nees gestreikt ginn.