
Wéi d’Police matdeelt, handelt et sech bei den Doudegen ëm dräi Männer am Alter vu 26, 44 an 82 Joer. Si goufen un der Nordküst vun der italieenescher Insel an der Géigend vun der Stad Messina fonnt, nieft hinne louche Gewierer. D’Jeeër waren an der Géigend héchstwarscheinlech op der Juegd no seelene Wëllschwäin.
Zu de geneeën Hannergrënn vun hirem Doud ass bis ewell näischt gewosst. Déi dräi Männer goufe Medieberichter no als vermësst gemellt, nodeems ee Bekannte vum eelste Jeeër d’Police alarméiert huet. Hien hat sech Suerge gemaach, well den 82 Joer ale Mann net zeréckkoum. An den italieeneschen Zeitunge geet iwwerdeems vun enger reegelrechter “Exekutioun” rieds.