D'Reaktere vun de belschen Atomkraaftwierker Doel 4 an Tihange 3 sollen 10 Joer méi laang funktionéieren, wéi virgesinn.

Eigentlech sollten dës Reakteren am Joer 2025 ausgeschalt ginn.

Den Ëmweltministère mellt, dass een dowéinst vun den zoustännege belschen Autoritéiten zu Bréissel kontaktéiert gi wier. Dës Reaktere sinn nämlech un der belsch-lëtzebuergescher Grenz.

Doriwwer eraus mussen och grenziwwerschreidend ëffentlech Consultatiounen organiséiert ginn, fir d'Bevëlkerung ze informéieren.