Aussoe vum Macron ginn international kritiséiert

De franséische President Macron gëtt kritiséiert, well hie sot Europa misst onofhängeg vu Washington a vu Peking sinn, notamment an der Fro iwwert Taiwan.
An engem Interview mat Les echos a mat Politico huet de franséische Staatschef no senger Rees a China d’lescht Woch gesot, d’Europäer hätte keen Interessi dorunner, eng Kris mat Taiwan z’acceleréieren. Dat Schlëmmst wier wann d’Europäer géinge mam US-amerikanesche Rhythmus oder der chineesescher Iwwerreaktioun matlafen.
D’Wierder vum Macron gi vu Republikaner an den USA, mee och däitsche Politiker a vun enger Rei Analyste kritiséiert, well se d’Relatioun mat den USA a Fro stellen. Dat an engem Moment wou d’EU op d’USA ugewisen ass wéinst dem Krich an der Ukrain. Dat Wäisst Haus huet awer och no den Aussoe vum franséische President verséchert, d’Relatioun tëscht den USA a Frankräich wier immens.