EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell
China-Rees annuléiert wéinst enger Corona-Infektioun

Et géif him awer gutt goen, hien hätt keng Symptomer, esou de Borrell op Twitter.
U sech sollt hien en Donneschdeg a China fléien, fir doriwwer ze schwätzen, wéi China dobäi kéint hëllefen, déi russesch Aggressioun an der Ukrain op en Enn ze bréngen.
Donieft sollt iwwert déi wirtschaftlech Relatiounen an de Konflikt ronderëm Taiwan geschwat ginn.
Déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock reest awer wéi geplangt en Donneschdeg a China. Déi lescht Woch waren de franséische President an d'EU-Kommissiounspresidentin schonn do.
Am meeschte gelies