Mat engem Dag Retard wéinst schlechtem Wieder ass e Freideg am fréien Nomëtteg eng Ariane-5-Rakéit vun der ESA Richtung Jupiter gestart.

D'Rakéit ass zu Kourou an der franséischer Guyane gestart. Déi bis ewell opwännegst Planéite-Missioun vun der europäescher Weltraumagence huet bis ewell scho ronn 1,6 Milliarden Euro kascht.

Bei der Rees iwwert Honnerte Millioune Kilometer geet et ëm d'Fro, ob d'Konditiounen, dass sech prinzipiell Liewen entwéckele kéint, op de Mounde vum Jupiter gi sinn. Fir dat erauszefannen, kommen ënner anerem héich performant Radaren a Laseren an den Asaz, fir Miessungen ënnert dem Äis, dat et op verschiddene Jupiter-Mounde gëtt, duerchzeféieren.

Am Viséier sti virun allem 3 grouss Mounde ronderëm de Gasplanéit Jupiter. Déi si mat enger décker Schicht Äis bedeckt. Eng Abberzuel Kilometer drënner sollen enorm Ozeane mat flëssegem Waasser sinn.

ESA-Missioun Jupiter-Mounden

Do hätt een da mam Waasser, Moleküller mat Kuelestoff an dem Jupiter als Energiequell d'Rezept fir Liewen, änlech deem, wéi et hei op der Äerd entstanen ass.

D'Sond, déi sech op de Wee bei de Jupiter mécht, muss e puer Mol ronderëm d'Äerd an aner Planéite fléien, fir duerch d'Gravitatioun u Schwong ze wannen.

D'Rees dauert 8 Joer. D'Fuerschungsmissioun soll bis 2034 goen. Et ass eng laang Rees mat kriteschen Amenter. Ugefaangen direkt nom Start, wann d'Solar-Zelle mat enger Gréisst vu 85 Metercarré opgemaach ginn.

Et ass iwweregens déi lescht Missioun mat enger Ariane-5-Rakéit. D'Ariane-6 geet Enn vum Joer eng éischte Kéier un den Depart.