Greenpeace huet um Dënschdeg zwou Kloe géint d'EU-Kommissioun un den europäesche Geriichtshaff geschéckt.

Greenpeace an Taxonomie-Direktive: E Reportage vum Claudia Kollwelter

Hannergrond ass d'Taxonime-Direktive. Déi soll hëllefen d'Klima- respektiv d'Emissiounsziler vun der europäescher Unioun ze erreechen. Atomenergie a Gas goufen an deem Kontext als nohalteg agestuuft. D'Ëmweltorganisatioune schwätze vu klorem Greenwashing a si prett fir e laange Kampf viru Geriicht.

Schonn d'lescht Woch hu Vertrieder vu Greenpeace, WWF a ClientEarth der Press Erklärungen zu den zwou Kloe ginn. D'Nina Treu vu Greenpeace Däitschland huet kloer ënnerstrach, datt een net acceptéiere kéint, datt Gas an Nuklear wéinst Lobby-Aarbecht mat agebonne goufen an elo Milliounen dora fléissen.

Vun engem klore Widdersproch schwätzt Greenpeace. D'Roda Verheyen nennt e Beispill Punkto Atomenergie.

Et ass déi éischt gemeinsam Klo vun dëser Zort op europäeschem Niveau déi fuerdert datt déi eege Gesetzer ënnert d'Lupp geholl ginn an de Green Deal vun der EU och tatsächlech ëmgesat gëtt:

Zwou Kloe sinn also dësen Dënschdeg un den europäesche Geriichtshaff gaangen. Greenpeace huet och souwuel hei zu Lëtzebuerg wéi zu Bréissel fir dësen Dënschdeg Aktioune geplangt a wëll d'Leit weider drop opmierksam maachen, datt een et hei mat engem grousse Green-Washing-Instrument ze dinn hätt.