D'Inflatioun orientéiert sech no ënnen. D'Präisdeierecht kéint an den nächste Méint weider ofhuelen, sou d'Christine Lagarde e Freideg.

Der Cheffin vun der Europäescher Zentralbank no géif d'EZB dovun ausgoen, dass déi méi streng Geldpolitik mat den héijen Zënsen, zu enger weiderer Baisse vun der Nofro féiert.

D'Christine Lagarde huet awer gewarnt, datt et nach "wesentlech Ongewëssheeten" gëtt. En Zeechen, datt d'EZB nach un hirem Kurs kéint festhalen, fir d'Zënsen weider an d'Luucht ze setzen.

Déi sougenannte Kärinflatioun, also d'Präisdeierecht aus där d'Präisser fir Energie a Liewensmëttel ausgeklamert sinn, soll nämlech weiderhin héich bleiwen.