D’Europaparlament stëmmt haut de Mëtteg iwwert eng Ofännerung vum Emissiounshandel of.

Dëse gouf viru bal 20 Joer agefouert, fir dass Klimaziler méi einfach kënnen erreecht ginn.

Vun enger däitlecher Vergréisserung ass rieds.

D’Schëfffaart an de Fluchverkéier ginn elo och mat abezunn a fir d’éischte Kéier soll et och en eegenen Handel mat Verschmotzungsrechter fir Gebaier an de Stroossentrafic ginn.

Fir benodeelegte Consommateuren a Betriber ënnert d’Äerm ze gräifen, gesäit d’EU e milliardeschwéiere Klima-Sozialfong vir.

Am Dezember d’lescht Joer war sech d’Kommissioun mat de Memberstaaten eens ginn, iwwert de Fit-for55-pak, wéi d’Kommissioun et nennt. Bis 2030 sollen d’Zäregasemissiounen nämlech ëm 55% par Rapport zu 1990 reduzéiert ginn.