EU-Parlament stëmmt d'Reform vum CO2-Emissiounshandel

© KENZO TRIBOUILLARD AFP
D'Europaparlament huet en Dënschdeg d'Reform vum CO2-Emissiounshandel ugeholl, dat mat enger grousser Majoritéit.
Entreprisë mussen elo extra Zertifikater kafen, wa si Kuelendioxid, also CO2, ausstoussen. Och d'Rechter, fir esou eng Pollutioun ze maachen, solle méi séier verréngert ginn, wéi et bis elo virgesi war.
Fluch- a Schëffstrafic sollen elo och mat consideréiert ginn, grad ewéi d'Pollutioun duerch Gebaier.
Dëst wier eng Erausfuerderung, déi ee misst unhuelen, wann een et géing seriö mengen, seet den Europadeputéierte Christophe Hansen: Ech mengen et ass e Kompromëss, mat deem mer souwuel d’Industrie u Bord behalen a se net dozou néidegen, an Drëttlänner produzéieren ze goen. An e realisteschen Timing, wou se sech och kënnen op déi Objektive virbereeden.
Déi gratis Zertifikater léisst d'EU da bis 2034 lues a lues auslafen. Betraff sinn dovun ënner anerem Fluchgesellschaften, déi fir Flich tëscht zwee EU-Länner esou en Zertifikat brauchen. Mat der neier Reegelung sollen dann och manner gratis Zertifikater un d'Airlines verdeelt ginn a vun 2026 u solle si da komplett fir hir Verschmotzungsrechter opkommen. Nieft de Verännerunge fir Fluchgesellschafte gëtt de Schëffstrafic dann iwwerhaapt emol mat abezunn an och sollen Zertifikater fir Gebaier an de Stroosseverkéier kommen.
Donieft soll e milliardeschwéiere Klima-Sozialfong geschaaft ginn, fir Konsumenten a Betriber, déi benodeelegt ginn, ze ënnerstëtzen. Och Drëttlänner, déi zwar net an der EU produzéieren, mä hir Wueren awer hei verkafen, wäerten an Zukunft fir den Ausstouss vun CO2 mussen opkommen.
Den Text, deen am Moment nach aktuell ass, ass bal 20 Joer al. Zil vun deem Projet, deen den Numm "Fit for 55" huet, ass et, fir den EU-Länner ze hëllefen, d'CO2-Emissioune bis 2030 ëm 55 Prozent géintiwwer 1990 erofzesetzen a bis 2050 klimaneutral ze ginn. Elo mussen d'EU-Memberlänner awer dem Plang nach zoustëmmen, wat awer als Formalitéit gëllt.