En neit Gesetz soll evitéieren, dass Produiten op den europäesche Marché kommen, déi a Relatioun mat der Zerstéierung vum Bësch an der EU a weltwäit stinn.

EU-Gesetz géint Ofholzung / Rep. Diana Hoffmann

D'Ofstëmmung ass e Mëttwoch am Europaparlament zu Stroossbuerg.

Zil ass et, dem Klimawandel an dem Verloscht vun der Biodiversitéit entgéintzesteieren. Dat, andeems Produite wéi Rëndsfleesch, Kakao, Palmenueleg, Soja, Holz, Kautschuk a Kaffi, déi an d'EU importéiert ginn, kontrolléiert ginn. Op Drock vum Parlament wieren dann nach verschidde sougenannte Produits dérivés an d'Gesetz gesat ginn, seet de Christophe Hansen. Dozou ziele Palmenueleg-Derivater, wéi se zum Beispill a Kosmetikproduite genotzt ginn, oder Holzkuel a geprinte Pabeier. Et hätt een awer och d'Méiglechkeet, den Uwendungsberäich vum Gesetz an Zukunft nach weider ze vergréisseren.

Dat neit Gesetz gesäit fir, dass Entreprisë mussen noweisen, dass hier Produiten net vu Fläche kommen, déi no Enn 2020 ofgeholzt goufen. D'Kontroll dovunner wier awer déi gréissten Erausfuerderung. Mam neie Gesetz géing ee fuerderen, dass de Kaffi-Sak, deen zum Beispill aus Kolumbien kënnt, ka retracéiert ginn, betount de Christophe Hansen. Dat wier den Ament nach net esou präzis de Fall. D'Geolokalisatioun wier dobäi e Schlësselelement. Dono kéint een déi Saache ganz einfach mat Satellittebiller kontrolléieren.

D'Kommissioun misst awer och besonnesch deene klénge Produzenten hëllefen, mat den neien Ufuerderungen eens ze ginn. Net dass dës géingen ophalen d'EU ze beliwweren a sech u Länner riichten, déi manner Ufuerderunge stellen.

All Joer gi Ronn 10 Milliounen Hektar Bësch futti gemaach, wat 38 mol der Surface vu Lëtzebuerg entsprécht.