Nordsee-Sommet soll Ausbau vun Offshore-Wandparken undreiwen

© AFP Archiv
D'Zukunft vun der europäescher Energie ass e Méindeg Sujet vun engem gréissere Sommet zu Ostende, fir deen néng europäesch Länner zesumme kommen.
Nieft Lëtzebuerg, dat duerch de Premier Xavier Bettel an dem Energieminister Claude Turmes vertrueden ass, kommen och Vetrieder aus der Belsch, Holland, Frankräich, Däitschland, Dänemark, Norwegen, Irland a Groussbritannien.
De Fokus vum Sommet läit um Ausbau vu Wandparken an der Nordsee. Zil vun den néng Länner ass et, datt d'Nordmier bis 2050 Haaptenergiefournisseur fir Europa gëtt. Konkreet gëtt also doriwwer beroden, wéi ee besser a verstäerkt kann zesummeschaffen, fir erneierbar Energië verstäerkt am Mier ze notzen. Mat der Hëllef vun der Wandkraaft wëllen déi 9 Länner d'Zil vun der Klimaneutralitéit erreechen a bei der Energieversuergung méi onofhängeg ginn.
Eleng Frankräich wëll eng 50 nei Wandparken a senge Mierer opriichten, huet den Elysée schonns wësse gedoen. Bis ewell gëtt et bei St. Nazaire just een Eenzegen a ganz Frankräich, deen awer schonns eng Jores-Stroum-Produktioun fir iwwer 700.0000 Leit assuréiert.