An engem Bréif hu sech déi grouss Fraktiounen am Europaparlament un d'Kommissioun geriicht a si opgeruff, géint dat homophoobt Gesetz an Ungarn virzegoen.

Am Schreiwes un d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen heescht et, déi jéngst Entwécklungen an Ungarn géifen dozou bäidroen, datt d'Grondrechter an d'Demokratie am Land sech verschlechteren. "Mir sinn der Meenung, datt dës Bestëmmungen, esoubal se ëmgesat sinn, eng eescht Menace fir d'Rechter vun der LGBTIQ-Communautéit an der Meenungsfräiheet duerstellen", heescht et am Bréif vun de Fraktiounen. Ënnerschriwwe gouf dëse vun de Konservativen, Sozialdemokraten, Liberalen, Gréngen a Lénken.

De Gesetzestext, ëm deen et hei geet, gesäit vir, datt ungaresch Bierger gläichgeschlechtlech Koppelen, déi zesumme Kanner grousszéien, anonym denoncéiere kënnen.

Iwwerraschend hat d'Presidentin vun Ungarn Katalin Novak d'Gesetz awer e Freideg blockéiert. Als Grond hat si uginn, datt den Text net am Aklang mat de Rechtsnorme vun der Europäescher Unioun wier, fir sougenannt Whistleblower an Institutiounen oder Entreprisen ze schützen.

Et ass déi éischte Kéier, datt e President an Ungarn e Gesetz, wat dem Viktor Orban senger ultrakonservativer Richtlinn entsprécht, net duerchgesat huet. D'Novak selwer kënnt, wéi schonn hire Virgänger, aus dem Orban senger Fidesz-Partei. De rietspopulistesche Ministerpresident ass zanter 2010 un der Muecht.

De Veto bedeit elo, datt d'Parlament d'Gesetz nei verhandele muss. Grondsätzlech kann awer och de selwechten Text nei ugeholl ginn, dann hätt d'Presidentin awer keng Handhab méi. Ënnert dem Orban hat d'Parlament scho fréier Gesetzer decidéiert, déi d'Rechter vun homosexuellen an transsexuelle Mënsche limitéiert.