All Joer stierwen 1.200 Kanner a Jugendlecher an Europa duerch Loftverschmotzung

© AFP
Eng schlecht Loftqualitéit géif dacks ënnerschat ginn, besonnesch wat d’Entwécklung vu Jonken ugeet.
Chronesch Krankheeten, wéi Asthma wieren net sou seele wéi ee mengt an och d'Liewenserwaardung géif massiv erofgoen. Fir de Bericht huet d'EUA Daten aus 27 EU-Memberlänner an dräi weideren europäesche Länner ausgewäert.
Eng schlecht Loftqualitéit huet zum fréizäitegen Doud vu méi wéi 1.200 Jugendlecher ënner 18 Joer geféiert a géif Krankheeten am spéidere Liewen massiv fërderen. D'Wäerter wiere virun allem an Zentral- an Osteuropa, sou wéi an Italien schlecht, betount d'EU-Agence.
Bei der Verbesserung vun der Loftqualitéit soll ee sech der Ëmweltagence no virun allem op d'Géigenden ëm Schoulen a Spillschoulen, Sportinfrastrukturen an ëffentlech Verkéiersmëttel konzentréieren. Och ongebuere Kanner si betraff, well Loftverschmotzung ënnert anerem zu Fréigebuerte ka féieren.
E puer Länner wéi zum Beispill Groussbritannien an d'Ukrain hunn net bei der Etüd vun der EUA matgemaach, sou dass am Endeffekt de Bilan souguer nach méi schlecht kéint ausfalen.
Kuckt een déi weltwäit Situatioun, steet Europa am Verglach awer nach ëmmer gutt do, och wann d'Wäerter wéi gesot net optimal wieren. Der WHO no ass Loftverschmotzung d'Ursaach vu weltwäit ronn 7 Millioune fréizäitegen Doudesfäll.