Nieft der Relatioun zu China stoung och d'Aktualitéit am Sudan um Dagesplang.

Dräi Deeg no den Aussoe vum chineeseschen Ambassadeur a Frankräich, déi am Westen als inakzeptabel bewäert ginn, hu sech d'Gemidder International weider net berouegt. E Freideg hat de Lu Shaye ënner anerem an engem Interview op LCI gesot, datt et net néideg wier, iwwer d'Fro vun der Krim, déi der Ukrain vun de Sowjet geschenkt gi wier, ze schikanéieren.

De chineeseschen Diplomat hat och de Statut vun de Länner vun der fréierer Sowjetunioun a Fro gestallt. Aussoen, déi e Méindeg de Moien och en Thema um Conseil vun den Ausseminister hei zu Lëtzebuerg waren.

"Mir si kéng post-sowjetesch Länner, ma Staaten, déi illegal vun der Sowjetunioun besat goufen", sou d'Reaktioun vum litaueschen Ausseminister Gabrielus Landsbergis. Iwwerdeems de Jean Asselborn zur Konklusioun koum: "D'Chinese selwer hunn agesinn, datt dat doten eng Gaffe ass."

Peking huet iwwer d'Spriecherin vum Ausseministere mat dëse Wieder reagéiert:

"Als éischt wëll ech Iech soen, datt meng Ausso déi offiziell Positioun vun der chineesescher Regierung ass. Zweetens, ass China, wat de Respekt vun territorialer Souveränitéit an Onofhängegkeet vun alle Länner a wat de Respekt vun de Prinzippie vun der UNO Charta ugeet, ouni Zweiwel dat Land mat mam beschte Bilan", esou déi offiziell Reaktioun.

D'EU muss hier Strategie vis à vis vu China iwwerdenken. Dat sot den Aussebeobtraagte vun der EU, Josep Borrell, e Méindeg hei zu Lëtzebuerg. En Defi iwwer déi nächst Méint, fir déi europäesch Aussepolitik.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn sot dozou: "Vill Länner hu grouss Schwieregkeete mat China. Anerer setzen op China, nach ëmmer. Dir hutt dat jo gesinn - och de President Macron, fir eng Awierkung ze hunn op Russland. Dat ass eng Diskussioun, déi ass eigentlech, wann der se vergläicht mat Russland, schwiereg. Extrem Schwiereg. Bei Russland ass et einfach. Ech mengen do wësse mer, wou mer sinn. Bei China muss ee wëssen, dass et den Haaptacteur gëtt, nieft Amerika héchstwarscheinlech, am ganzen 21. Joerhonnert. Souwuel diplomatesch, wéi ekonomesch, wéi och militäresch." De Lëtzebuerger Ausseminister erënnert drun, dat d'EU 2020 eng éischt Kéier Sanktioune géingt iwwer China verhaangen huet, wat d'Uiguren ubelaangt.

Beschäftegt huet déi europäesch Ausseminister och d'Evakuatioun vun honnerten EU-Bierger aus dem sudanesesche Krichsgebitt, déi den Ament leeft. Hei gouf fir an Zukunft Zäit ze gewannen e Méindeg de Moien direkt d'Konklusioun gezunn, eng europäesch Séier-Agrëffstrupp op d'Been ze stellen.

Den Ausseminister huet confirméiert, datt sech keng Lëtzebuerger Residenten zu dësem Zäitpunkt am Sudan ophalen.