Inflatiounstaux an der EU klëmmt nees liicht op 7 Prozent

© AFP/File/Jacques DEMARTHON
Den Inflatiounstaux an der Eurozon ass no fënnef Baissen an der Suite nees liicht geklommen: 7 Prozent Inflatioun am Abrëll géint 6,9 am Mäerz.
Dat huet Eurostat matgedeelt. Dat kéint d'Intentioun vun der Europäescher Zentralbank stäerken, d'Zënstauxen en Donneschden op hirer Reunioun eropzesetzen.
Am Mount Oktober 2022 war d'Inflatioun mat 10,6 Prozent am héchsten, dat no annerhallwem Joer onënnerbrachenen Haussen.
Zesumme mat der Belsch (3,3 Prozent) war d'Inflatiounstaux zu Lëtzebuerg am Abrëll an der Wärungsunioun mat 2,7 Prozent am nidderegsten. Am héchste war d'Inflatioun an de baltesche Länner: a Lettland louch se bei 15 Prozent, wärend Estland 13,2 Prozent verzeechent huet.