Wéi erwaart huet d'Europäesch Zentralbank een Dag no hirem US-Pendant de Leetzëns erhéicht.

Awer anescht, wéi vu villen Experten erwaart, a wéi et déi leschte Kéieren och de Fall war, huet een zu Frankfurt dës Hausse net ëm en hallwe Prozentpunkt gemaach, mä ëm 0,25 Prozentpunkten. Do virdru gouf et jo dräi Erhéijunge vun all Kéiers 0,5 Prozentpunkten. Domadder klëmmt de Leetzëns an der EU elo op 3,75 Prozent.

Dat ass deen Zënssaz, fir deen d'Banke kënne bei der EZB frësch Sue besuergen. Parken d'Banken awer Sue bei der Europäescher Zentralbank, kréie si 3,25 Prozent Zënsen. Zil vun den Erhéijungen ass et, fir d'Inflatioun an der EU ze bekämpfen. Méi héich Zënse suergen dofir, datt d'Kreditter méi deier ginn an doduerch d'Nofro wéi awer och d'Präishausse vun de Produite gebremst gëtt, esou d'Hoffnunge vu Frankfurt.