Zejoert hunn déi europäesch Konsumentenzenteren dofir gesuergt, dass geschiedegt Clienten Payementer vu knapp 10 Mio.€ vun Entreprisen ausbezuelt kruten.

Bei de ronn 118.000 Ufroen ass et ëm Retarde vu Fligere gaangen, iwwerdeiert Vakanzenhaiser oder gefälschte Concertskaarten. An a ville Fäll hätt d'Berodung an den Zentren dofir gesuergt, dass Clienten iwwerhaapt mol net hu musse bezuelen. Zum Beispill, wa Leit aus enger sougenannter Abonnements-Fal konnte gerett ginn.