D'Rohingya goufe schonn an der Zäit, an där de Myanmar nach Burma geheescht huet, vun der buddhistescher Majoritéit am Land verfollegt.

Am Joer 1982 krute si hir Nationalitéit an Zougehéieregkeet zum Burma net unerkannt. Si sinn zanterdeem als "staatelos" verfollegt ginn a kruten all hir Grondrechter ewechgeholl. D'Recht op Bildung, d'Recht op wiele goen an och d'Recht, fir sech am Land ze beweegen oder auszereesen. Si kréien hir Grondbesëtzer ofgeholl an hire Privatbesëtz geklaut. Als Géigereaktioun hu sech kleng Rohingya-Milize geformt, déi de 25. August 2017 verschidde staatlech a militär Ziler mateneen attackéiert hunn.

D'Géigenoffensiv vun der Arméi an der Police war radikal a brutal, wat eng riseg Flüchtlingswell ausgeléist huet. Am Hierscht 2017 sinn an Zäit vun 2 Wochen 750.000 Rohingya an d'Nopeschland Bangladesch geflücht, wou si sech an der Géigend vu Cox’s Bazar zesummefonnt hunn. Haut liewe bal eng Millioun Rohingya-Flüchtlingen am Kutupalong-Camp, dem gréisste Flüchtlingslager op der Welt.

Fakten iwwer de Kutupalong-Camp

Vun de bal enger Millioun Flüchtlingen am "Kutupalong-Flüchtlingscamp", sinn der bal 52% Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer. All Joer ginn tëschent 30 a 40 Dausend Puppelcher am Camp gebuer.

D'Iesse fir eng Millioun Flüchtlinge kascht de Welternärungsprogramm (WFP) 10 Milliounen Dollar de Mount.

Bis virun dräi Méint krut all Flüchtling 12 Dollar de Mount fir ze liewen a sech Iessen ze kafen. Zënter dem 1. Mäerz ass d'Ratioun op 10 Dollar/Mount pro Flüchtling gekierzt ginn a vu Juni u riskéieren d'Flüchtlingen nëmmen nach aacht Dollar ze kréien, fir ee Mount ze iwwerliewen, wat vir an hannen net op geet.

De Grond. Et feelt u finanzielle Mëttel.