Wat ass typesch Europa a wat sinn déi grouss Erausfuerderunge fir d’Europäesch Unioun? Mir hu bei 4 Europadeputéierten nogefrot.

3 Froen un de Marc Angel (LSAP)

RTL

© Europaparlament

Wat ass fir Iech typesch Europa?

A Fridden zesumme liewen an zesumme schaffen a vun der kultureller Diversitéit, déi mir hunn, profitéieren.

Firwat brauch Lëtzebuerg Europa/d'EU?

Fir Deel ze si vum grousse Bannemaart a vum Schengenraum, an doduerch vun der Libre circulation vu Persounen, Servicer, Wueren a Kapital ze profitéieren.

Wat sinn déi zwee gréisst Defien, déi mer an Europa hunn?

Sozial Inegalitéiten an den EU-Memberstaaten an tëschent den EU-Memberstaaten ze bekämpfen. An der Klimatransitioun an, an der digitaler Transitioun déi sozial Dimensioun z'integréieren.

3 Froen un de Charles Goerens (DP)

RTL

© Europaparlament

Wat ass fir Iech typesch Europa?

Typesch Europa ass fir mech seng Geographie, seng Geschicht a seng kulturell a sproochlech Vilfalt.

Firwat brauch Lëtzebuerg Europa/d'EU?

Mir brauchen d'EU, well et bis elo deen eenzeg politesche Kader ass, an deem mir kënne bleiwe wat mir sinn. An nawell bitt d'EU eis bis dohinner onbekannte Méiglechkeeten, sief et wirtschaftlech, politesch oder sécherheets- an handelspolitesch.

Wat sinn déi zwee gréisst Defien, déi mer an Europa hunn?

De Klimawandel a Fridden.

3 Froen un de Christophe Hansen (CSV)

RTL

© Europaparlament

Wat ass fir Iech typesch Europa?

E Gebitt ouni Grenzen, wou ee weiderhi vill méi oder manner siichtbar Grenzen ofbaue muss.

Firwat brauch Lëtzebuerg Europa/d'EU?

Lëtzebuerg wier aarm wéi eng Kierchemaus an e Vull fir d'Katz ouni den EU-Bannemaart.

Wat sinn déi zwee gréisst Defien, déi mer an Europa hunn?

Den Zesummenhalt a Solidaritéit tëschent de Memberstaaten ze garantéieren an Zäite vun ongläicher Expositioun zu den direkte Konsequenze vum Krich an der Ukrain. Inflatioun, Migratioun, Energie a Liewensmëttelpräisser.

Déi nohalteg an digital Transitioun. Dovunner profitéiert eist Klima, mee och eis Wirtschaft, well se sech nei opstelle kann a muss. Hei musse mer allerdéngs ëmmer am Bléck behalen, wat fir Ressourcë mer dofir brauchen a vu wou se kommen. Deementspriechend musse mer um geopoliteschen Niveau nei a zouverlässeg Partner fannen, fir méi onofhängeg vu gewësse Staate wéi China ze ginn.

3 Froen un d'Tilly Metz (déi gréng)

RTL

© Europaparlament

Wat ass fir Iech typesch Europa?

Europa bedeit fir mech Kooperatioun an Oppenheet iwwert national Grenzen ewech.

Firwat brauch Lëtzebuerg Europa/d'EU?

Als klengt Land, wat a ville Beräicher vun de Nopeschlänner ofhängeg ass, sinn oppe Grenzen an eng enk Zesummenaarbecht mat eisen Nopere fir eis kee Luxus oder “Nice to have”, mee noutwenneg fir d'Funktionéiere vun eisem Land.

Et gëtt Lëtzebuerg d'Méiglechkeet, virbäi mat um Dech ze sëtzen, wann iwwer wichteg Theme wéi Klimaschutz, Energiewend oder nohaltegen Handel geschwat gëtt.

Wat sinn déi zwee gréisst Defien, déi mer an Europa hunn?

Mir brauchen eng ambitiéis europäesch Klima- an Ëmweltlegislatioun, déi dofir suergt, datt mir am Respekt vun der Natur an der Biodiversitéit liewen, fir datt och zukünfteg Generatiounen eng gutt Liewensgrondlag hunn. Ma et ass genausou wichteg, datt mir sécherstellen, datt um Wee an eng klimaneutral an ëmweltgerecht Zukunft déi Leit, déi et brauchen, ënnerstëtzt ginn, fir datt mir op deem Wee keen zréckloossen.

Fir datt eis dat ka geléngen, brauche mir eng staark a gëeenten EU. An dat ass deen zweeten Defi.

Lëtzebuerg huet insgesamt 6 Europadeputéiert, dat sinn nieft dem Marc Angel, Charles Goerens, Christophe Hansen an Tilly Metz och nach d'Monica Semedo an d'Isabel Wiseler-Lima.