Lëtzebuerg huet bei enger Etüd dräi Europadeputéierter op der Lëscht vun den 100 aflossräichste Member vum Europaparlament.

Dobäi handelt et sech ëm de Christophe Hansen op Plaz 22, de Charel Goerens op der 63. an de Marc Angel op der 91. Plaz. Domat huet Lëtzebuerg am Verglach zu anere Länner eng gutt Visibilitéit am EU-Parlament, wéi aus der Etüd vun Eumatric.eu ervirgeet.

RTL

Christophe Hansen

D’Etude soll hëllefen, déi féierend Perséinlechkeeten ze fannen, déi d’Gesetzgebung fir iwwer 440 Millioune Bierger an der Europäescher Unioun ausschaffen.

Generell hunn méi grouss Delegatiounen aus grousse Länner wéi Däitschland, Frankräich oder Italien méi Afloss, wéi dat fir méi kleng Länner wéi Lëtzebuerg de Fall ass. An der Etüd gouf awer proportional zu der Gréisst vum Land ausgewäert, wéi vill Member an héije Positioune sinn oder wéi se un de legislativen Texter matgeschafft hunn.

RTL

Marc Angel / © RTL Archiv

An do steet Lëtzebuerg als besonnesch performant do. Mam Marc Angel als Vizepresident vum Parlament, dem Christophe Hansen a Charel Goerens als Koordinatoren. Awer och wann et dorëms geet, a wéi ville legislativen Dossiere matgeschwat gouf. Mat de Lëtzebuerger hätten dann d’Malteeser an d’Finnen am beschten ënner deene klenge Länner ofgeliwwert.

RTL

Charel Goerens / © RTL Archiv

Déi däitsch Delegatioun ass déi mam meeschten Afloss an och di mat der gréisster Performanz, proportional gesinn zu der Gréisst. Italien an Frankräich hätten an deem Sënn net genuch geleescht.

De Grupp vun de Volleksparteie bleift dee mat dem meeschten Afloss. Dono kënnt dee vun de Sozialisten a Sozialdemokrate suivéiert vun dem liberal-zentristesche Grupp.

Et spillt nämlech och eng Roll, zu wéi engem Grupp d’Member vum europäesche Parlament gehéieren, op si d’Méiglechkeet hunn, op eng féierend Positioun ze kommen. Membere vum liberale Grupp hätten dee gréissten Afloss, proportional gesinn zu hirer Gréisst.

Wéineg iwwerraschend steet op Plaz 1 vum Ranking vun den aflossräichste Parlamentsmember de President vum Grupp vun de Volleksparteien, de Manfred Weber an op 2. Plaz d’Presidentin vum Parlament, d’Roberta Metsola.