Grondleeënd Verännerunge bei Produktioun vun europäesche Betriber

© Union européenne
Dëst betrëfft Technologië wéi Wäermepompelen, Wandrieder, biothermesch Energie, Biogas, Sonnekollekteren oder och erneierbare Waasserstoff.
Mam "Net-Zero Industrial Act" gouf e Méindeg e Mesurëpak am EU-Kompetitivitéits-Conseil diskutéiert, deen d'Aart a Weis, wéi europäesch Betriber musse produzéieren, wäert grondleeënd veränneren.
Ugestrieft gëtt, datt bis 2030 op mannst 40% vun den Technologien, déi gebraucht ginn, fir d'Klima- an Energie-Ziler z'erreechen, mussen an der EU produzéiert ginn.
Et ass d'Äntwert op d'ëmstridden amerikanesch IRA-Legislatioun.
Dëst betrëfft Technologië wéi Wärmepompelen, Wandrieder, biothermesch Energie, Biogas, Sonnekollekteren oder och erneierbare Waasserstoff.
Frankräich wëll och datt d'Atomkraaft an dëse Pak mat agebonne gëtt an huet eng Allianz vun enger Dose fonnt, déi deem zoustëmmen.
"Njet" seet de Wirtschaftsminister Franz Fayot, fir deen dat dem Geescht vun "Net Zero Act" komplett widdersprécht...
Op Atomkraaft am "Net Zero Act" oder net, d'Diskussioune bleiwen animéiert - egal wéi wëll d'EU d'Produktioun vun de klimaneutralen Technologien nees zréck an d'Unioun bréngen. Zil ass et d'Klimaziler z'areechen an d'Energie-Onofhängegkeet ze stäerken.