Mir hu mam Roger Spautz, Expert an Atomfroe vu Greenpeace, geschwat an nogefrot, wéi d'Situatioun ëm d'AKW Saporischschja an der Ukrain am Moment ass.

No der Zerstéierung vum Kachowka-Staudamm an der Ukrain, ass d’Suerg elo international natierlech grouss, ob d’Atomkraaftwierk Saporischschja iwwerhaapt nach mat genuch Waasser ka versuergt ginn respektiv, ob d’Killbasenge beim Wierk genuch gefëllt kënne ginn. Dëst Killwaasser aus dem Staudamm geet nämlech net iwwert den direkte Wee an d'Zentral, mä Basenge ronderëm d'Kraaftwierk ginn hei mat deem Waasser gefëllt.

Geet d'Waasser an deem Staudamm awer erof, ginn d'Quantitéiten iergendwann net duer, fir dës Basengen ze fëllen. Et ass awer gewosst, dass eng Atomzentral zu all Moment Waasser brauch fir ze killen, esou de Roger Spautz, Expert an Atomfroe vu Greenpeace:"Dat heescht, och wa vun deene 6 Reakteren der 5 den Ament net a Betrib sinn - t'ass een a Betrib - da sinn awer déi ofgebrannte Brennelementer, déi si stockéiert an deene sougenannte Piscinnen, déi niewent dem Reakter-Gebai sinn, an déi musse permanent gekillt ginn. Dat heescht et brauch een och bei enger Atomzentral, déi net funktionéiert, andauernd Stroum a Waasser fir ze killen."

De Roger Spautz iwwert d'Killwaasser

Wann eng Partie Reakteren net a Betrib sinn, brauch een natierlech net sou vill Killwaasser, ma eng gewësse Quantitéit fir d'Alimentatioun vum Wierk muss ëmmer garantéiert sinn, fir déi stockéiert Brennelementer ze killen. Der IAEA no wier nach genuch Waasser am Killbasengen do, fir déi momentan reduzéiert Aktivitéit vum Kraaftwierk z’erhalen.

RTL

© AFP/Archiv/Ed JONES

Dëst Waasser géif awer just fir eng Zäit duergoen, et schwätzt een hei vu maximal e puer Méint. Dem Roger Spautz no, géifen et awer nach aner Riske ginn, déi bis ewell nach net sou wierklech ugeschwat goufen: "T'ass ee Staudamm, den Dnipro-Staudamm, e Staudamm dee flossopwäerts ass, deen och eventuell kéint beschiedegt ginn. Do géif natierlech deen ënneschte Staudamm deelweis nees opgefëllt ginn, mä do kéint et dann awer zu Iwwerschwemmunge kommen. Dat ass en Zenario, deen am Fong geholl nach net analyséiert ginn ass, dat heescht, et befënnt ee sech awer an enger Krichssituatioun an do kann een näischt ausschléissen. Et kann een och net ausschléissen, dass déi Basengen, déi niewent der Zentral sinn, och géife beschiedegt ginn."

De Roger Spautz iwwert den Dnipro-Staudamm

Dës Iwwerschwemmunge géifen dann natierlech och d'Atomkraaftwierk Saporischschja betreffen an hei weess ee jo zënter Fukushima, wéi geféierlech sou eppes ass.

Als lescht Optioun, sou de Roger Spautz, missten d’Pompjeeë mat Camionen sur Place d’Kraaftwierk mat Waasser alimentéieren: "Dat misst dauernd recycléiert ginn, fir dass dauerhaft ka gekillt ginn. Am schlëmmste Fall, wann dat Killwaasser géif ausfalen oder net genuch Killwaasser do wier, kéint et och zu enger Kärschmëlz kommen. Sief et wann de Reakter selwer a Betrib ass oder, dass deelweis och net genuch Killwaasser do wier, fir déi Brennelementer, déi an de sougenannte Piscinne sinn, fir déi weider ofzekillen."

De Roger Spautz iwwert de Recyclage vum Waasser

Virun allem elo am Summer, wann d’Temperature klammen, wier et schwéier anzeschätzen, wéi laang d’Waasser an der Basenge ronderëm d’Kraaftwierk effektiv duergeet. Hei misst een elo d'Saach genee am A behalen.