EU hofft op en Handelsofkommes mat Mercosur-Staaten

© Photo by EVARISTO SA / AFP
Dowéinst war d'Kommissiounspresidentin von der Leyen op Aarbechtsvisitt a Brasilien. Zil ass et, fir den Ofschloss nach dëst Joer hinzekréien.
Ënnert dem Ex-President Jair Bolsonaro goufen d'Gespréicher tëscht der EU a Brasilien op Äis geluecht, grad wéinst der Haltung vum Bolsonaro géintiwwer dem Klimaschutz. Elo mam President Lula wëll d'EU awer nees Gespréicher féieren, fir e Fräihandelsofkommes mat der Mercusor-Staaten* ofzeschléissen.
Fir Europa wier dëst an der aktueller Situatioun e wichtegen Deal, well Russland duerch den Ugrëffskrich an der Ukrain als Energie- a Liewensmëttelliwwerant ewechfält. Hei kéint Südamerika asprangen.
Greenpeace warnt awer virun dësem Deal, well, obwuel sech Europa de Klimaschutz grouss op de Fändel geschriwwen huet, dësen am Ofkommes mat de Mercosur-Staaten awer net niddergeschriwwe wier.
E groussen Handelspartner vu Brasilien ass an de leschte Jore China ginn. Wärend d'EU mat de Mercosur-Staate verhandelt, ënnerschreift Peking awer séier Kontrakter, ouni wierklech vill Konditiounen, zum Beispill a Saache Klimaschutz, ze stellen. An ebe genau dee Punkt, fir strikt Ëmweltstandarden anzehalen, stéisst a Brasilien op wéineg Begeeschterung.
"Et erhéicht d'Verflichtunge vu Brasilien a gesäit beim Net-Anhale Sanktioune vir," esou de Brasilianesche President Lula da Silva. "D'Grondlagen tëscht strategesch Partner solle géigesäitegt Vertraue sinn an net Mëssuechten a Sanktiounen."
D'EU dierf am Deal och net ze wäit goen, respektiv net ze vill op Protektionismus setzen. Well, obwuel d'Europäesch Unioun e wichtege Partner fir Südamerika wier, ass et net deen eenzegen, warne Wirtschaftsexperten.
*Mercosur steet fir "Mercado Común del Sur" also fir e gemeinsame Südamerikanesche Maart. Member sinn nieft Brasilien och Argentinien, Paraguay, Uruguay a Venezuela (Zanter 2017 suspendéiert). Bolivien ass am Prozess, fir opgeholl ze ginn. Chile, Kolumbien, Ecuador, Guyana, Peru a Surinam si Partnerlänner.