D'Autoritéiten hunn d'Awunner an d'Touristen a Griichenland opgeruff, wéinst der massiver Hëtzt net onnéideg eraus ze goen.

Si froen och, dass sämtlech archeologesch Attraktiounen, dorënner d'Akropolis zu Athen, wärend de besonnesch waarme Stonne sollten zou bleiwen. D'Gefor fir Bëschbränn dierft och nees weider klammen.

D'Meteorologen hu fir de Weekend 45 Grad an der Regioun ëm Thessaloniki virausgesot, zu Athen 44. Domat léich d'griichesch Haaptstad nëmmen knapp ënnert dem Rekord vu 44,8 Grad am Juni 2007. Ma am Ganzen erwaart Athen nach sechs bis siwen Deeg mat Temperaturen iwwer 40 Grad, sou de Meteorolog Panagiotis Giannopoulos.

Säi Kolleeg Yannis Kallianos huet vun enger "endloser a mächteger Canicule" geschwat. Hie warnt och, dass dës Temperaturen am Zesummespill mat staarkem Nordwand d'Gefor vu Bëschbränn erhéicht. D'Pompjeeën hunn eegenen Aussoen no e Freideg nach géint 79 Bränn gekämpft. Fir si gëllt dëse Weekend déi héchst Alarmbereetschaft.

Ma Griichenland ass nëmmen eent vu ville Länner, dat mat extremer Hëtzt ronderëm de Globus ze kämpfen huet. Op der anerer Säit vum Atlantik hunn d'US-Meteorologe fir dëse Weekend virun Temperaturen ëm 41 Grad a méi gewarnt. Ronn 80 Milliounen US-Bierger dierfte vun der Hëtztwell betraff sinn.

Zu Pheonix am US-Bundesstaat Arizona, wou et de Moment déi längste Canicule zanter dem Ufank vun den Opzeechnunge gëtt, dierften d'Temperaturen op 46 Grad klammen. Wéinst der massiver Hëtzt war souguer e Propangas-Lager en Donneschdeg a Flamen opgaangen, e puer Tanke sinn dowéinst explodéiert, wat zu engem Flameninferno geféiert hat.

Hëtzt zitt Touristen un

Am Death Valley a Kalifornien, der wuel wäermster Plaz op der Welt, maachen d'Touristen zanter e puer Deeg Selfië mat der Affiche, déi d'Temperaturen uweist. Do tauchen ëmmer méi extrem Zuelen op. Vill Leit hoffen, dass de globalen Hëtztrekord vu Juli 2013 - deemools 56,7 Grad - gebrach gëtt. Vill Experte si jo der Meenung, dass déi fréier Miessung falsch war.

Eng Touristenattraktioun mat grousse Risiken.

Am Nationalpark ass virun e puer Deeg en 71 Joer ale Mann aus Los Angeles virun der Toilette vun engem Wanderwee zesummegaangen a gestuerwen. Hie war Stonne virdrun nach vun engem Reporter vun der "Los Angeles Times" interviewt a fotograféiert ginn. Do hat de Mann Schutz virun der Hëtzt ënnert enger metalle Plack gesicht.

Et ass schonn den zweete Doudegen duerch d'Hëtzt am Death Valley dëst Joer.