D'Ukrain huet an der Nuecht op e Sonndeg eng weider Loft- Attack op Odessa gemellt, bei där eng Persoun ëm d'Liewe komm ass.

Och goufen et Attacken am Osten an am Nordosten. Iwwerdeems huet, fir d'éischte Kéier zanter dem Opstand vum Söldner-Grupp Wagner, de russesche President Putin säi belarusseschen Homolog Lukaschenko op Besuch. Vum Kreml heescht et, beim Treffe géing et ëm déi strategesch Partnerschaft tëscht deenen zwee Länner. Wéi déi russesch Noriichtenagence Tass mellt, war een Thema d'ukrainesch Géigenoffensiv. De Lukaschenko huet iwwregens behaapt, déi géif et guer net. De Putin soll widdersprach hunn, dass et effektiv eng Géigenoffensiv ginn hätt, ma déi hätt net funktionéiert.

Déi zwee Staats-Cheffe sinn enk verbonnen. De Lukaschenko hat Enn Juni probéiert, wärend dem Opstand vun de Wagner-Truppen an hirem Marsch op Moskau ze vermëttelen.