Eng Dosen Extremisten aus Däitschland sinn an d'Krichsgebitt gereest

Dat huet den däitschen Inneministère op Nofro vun der Zeitung "Welt am Sonntag" matgedeelt.
D'Sécherheetsautoritéiten hätten am ganzen d'Ausrees vu 61 Persoune registréiert, déi e Bezuch mat extremistesche Kreesser oder e Lien mat politesch motivéierter Kriminalitéit hunn. Bei 39 Leit gëtt et konkret Unhaltspunkten déi dorop hindeiten, dass si Däitschland verlooss hunn fir tatsächlech um Krich deelzehuelen.
Dnipro
Op d'mannst 9 Leit wieren den ukraineschen Autoritéiten no an der Stad Dnipro blesséiert ginn, wéi eng russesch Rakéit e Wunnhaus getraff huet. Ënnert de Blesséierte wieren och zwee Kanner, wéi den ukraineschen Inneminister Ihor Klymenko am Noriichtendéngscht Telegram matgedeelt huet.
Videoen, déi an de soziale Medien zirkuléieren, weisen dass virun allem déi iewescht Stäck getraff gi sinn. Vu russescher Säit gouf dësen Ugrëff bis ewell net confirméiert.