Um Samschdeg soll dann och den ukrainesche President Selenskyj d'Stad Bachmut besicht hunn.

Russland wëll sech Waffen an Nordkorea besuergen, esou de Blinken

De russesche Verdeedegungsminister Sergej Schoigu wier wuel kaum zu Pjöngjang fir Vakanz ze maachen, esou den US-Ausseminister. Moskau géing verzweiwelt no Support sichen, bei wiem och ëmmer, fir mat der Aggressioun an der Ukrain weider ze fueren, esou den amerikaneschen Diplomatiechef.

Selenskyj zu Bachmut

Den ukrainesche President Selenskyj huet d'Front bei Bachmut besicht fir den Zaldote Merci fir hiren Asaz ze soen. An der Regioun gëtt et weiderhin zolidd Kämpf.

Russesch Truppen haten no laange schwéieren Ausenanersetzunge virun e puer Méint d'Kontroll an der Stad Bachmut iwwerholl. Mat der Géigenoffensiv wëll Kiew ënner anerem Bachmut zeréck erueweren.

Polnesche Ministerpresident besuergt

De Mateusz Morawiecki mécht sech Suergen iwwert d'Truppebeweegunge vun de Wagner-Söldern am Belarus. "Mir hunn Informatiounen, datt iwwer honnert Söldner vun der Wagner-Grupp a Richtung vun der Suwakli-Spléck ënnerwee sinn." Domadder wier d'Situatioun un der Grenz tëscht Polen an dem Belarus "nach méi geféierlech". D'Stad Grudno, wou d'Truppen ënnerwee sinn, läit eng 15 Kilometer vun der polnescher Grenz ewech.

Ukrainescht Militär kritt 24 Drone gespent

D'Kamikaze Drone komme vum militäresche Ënnerstëtzungsprojet "Time X", wat vu Fräiwëllege gefouert gëtt. "Jidderee weess, wéi wichteg héichwäerteg Dronen un der Front sinn an dowéinst maache mir alles, fir esou Dronen un der Front ze halen" schreift de Pavlo Kyrylenko, Chef vun der Regionalverwaltung vun Donezk.

Ukrainesch Truppe gläich op der Krim?

Dovunner ginn op alle Fall héich ukrainesch Beamten aus, esou "The Guardian". De Kyrylo Budanov, deen d'Haaptdirektioun vum Geheimdéngscht am ukrainesche Verdeedegungsministère leet, konnt awer nach keen Datum nennen, wéini d'Truppen op der Hallefinsel amarschéieren.

International Ukrainkonferenz

Saudiarabien wëll eng Konferenz aberuffen, wou et ëm déi aktuell Situatioun an der Ukrain geet. Ënnert den héichrangege Representanten aus 30 Staate wieren och Vertrieder aus der Ukrain, Indien a Brasilien, esou de "Wall Street Journal", dee sech op Informatioune vun Diplomate berifft. D'Treffe wier de 5. a 6. August zu Dschidda geplangt.

Kiew mellt: Weider 390 russesch Zaldoten ëmkomm

An de leschte 24 Stonne sollen den Ukrainer no 390 russesch Kämpfer gefall sinn. Esou kéim een elo op iwwer 245.000 Russen, déi am Krich hiert d'Liewe gelooss hunn. Weider wiere sechs gepanzert Ween, siwen Tankween, ee Panzer an eelef Artilleriesystemer zerstéiert gi sinn. Dës Informatioune kënnen net onofhängeg iwwerpréift ginn an och Russland publizéiert keng Zuelen zu den eegene Verloschter an der Ukrain.